Iguazú-Waasserfäll

Vu Wikipedia
Iguaçu-/Iguazú-Waasserfäll

D'Iguazú-Wasserfäll (Portugisesch: Cataratas do Iguaçu, Spuenesch: Cataratas del Iguazú) si Waasserfäll vum Floss Iguaçu/Iguazú op der Grenz tëschent dem brasilianesche Bundesstaat Paraná an der argentineschen Provënz Misiones.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Iguazú-Waasserfäll bestinn aus 20 groussen an enger 255 méi klenge Waasserfäll, op enger Breet vun 2,7 Kilometer. E puer dovu si bis zu 82 Meter, déi meescht awer si 64 Meter héich. An enger Sekonn falen do, jee no Joreszäit, tëscht 1500 m³/s bis iwwer 7000 m³/s Waasser erof. D'Grenz tëscht Argentinien a Brasilien leeft queesch derduerch. Déi meescht Fäll sinn op der argentinescher Säit, dofir ass d'Vue vun där brasilianescher aus am impressionantsten. D'Fäll sinn duerch kleng Insele vun enee getrennt.

Den Haaptwaasserfall, an enger U-fërmeger, 150 Meter breeder a 700 Meter laanger Schlucht, gëtt Garganta del Diablo (spuenesch) respektiv Garganta do Diabo (portugisesch) genannt ("Strass vum Däiwel")

Bei héijem Waasserstand féieren d'Waasserfäll, wéinst dem Ewechhae vu Bëscher a Brasilien, an dodurch ausgeléist enger verstäerkter Erosioun, vill Sedimenter mat, sou datt d'Waasser bullizeg-brong gëtt.

An der Emgéigend leien d'Stied Foz do Iguaçu am brasilianesche Bundesstaat Paraná a Puerto Iguazú an der argentinescher Provënz Misiones.

"Iguazú" heescht an der Guarani-Sprooch souvill wéi "grousst Waasser". De spuenesche Conquistador Álvar Núñez Cabeza de Vaca huet se den 31. Januar 1542 als éischten Europäer entdeckt.[1] Ee vun de Fäll op der argentinescher Säit gouf no him genannt.

Souwuel op der brasilianescher wéi der argentinescher Säit leien d'Waasserfäll an engem Nationalpark, déi allebéid vun der UNESCO als Weltierfschaften agedroe sinn (den Nationalpark Iguazú 1984, den Nationalpark Iguaçu 1986).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iguazu Falls – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Descoberta das Cataratas do Iguaçu pelo espanhol Álvar Núñez Cabeza de Vaca - 31 de janeiro de 1542." Biblioteca Nacional Digital Brasil, 2021-01-31.