Ilja Wladimirowitsch Maximow

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ilja Wladimirowitsch Maximow

Den Ilja Wladimirowitsch Maximow (op Russesch: Илья Владимирович Максимов), gebuer den 2. Februar 1987 zu Gorki (haut Nijni Nowgorod), ass e russesche Foussballspiller op der Mëttelfeld-Positioun[1].

Hien huet a senger Profiscarrière a verschiddene russesche Veräiner gespillt, ënner anerem vun 2004 bis 2010 beim Senit St. Péitersbuerg, vun 2011 bis 2012 bei der Wolga Nijni Nowgorod, 2013 beim Krylja Sowetow Samara, beim Anji vun 2013 bis 2016[1], a säi leschte Club war vun 2016 bis 2018 den Tulaer Arsenal[2]. Fir den Ament huet den Ilja Maximow d'Free-Agent-Rechter.

Am Joer 2016 huet de Maximow eemol an der russescher Foussballnationalekipp, am Match géint Litaue gespillt[1],[3],[4].

Säi jonke Brudder Iwan Maximow war och Foussballspiller[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ilja Maximow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 https://www.transfermarkt.de/ilia-maksimov/profil/spieler/24654
  2. https://rsport.ria.ru/football/20180531/1137521570.html
  3. http://tass.ru/sport/3154045
  4. https://www.sport-express.ru/football/rfpl/reviews/ilya-maksimov-nichego-topovogo-u-krasnodara-zenita-i-cska-ne-vizhu-1336711/