Immendingen

Vu Wikipedia
Immendingen
Land Däitschland
Awunner 6.606 (31. Dezember 2022)
Fläch 74,05 km²
Héicht 662 m
Koordinaten 47°56'24"N, 8°43'59"O
Telefonszon 07462
Postcode 78194
Websäit http://www.immendingen.de


Immendingen ass eng däitsch Gemeng an Uertschaft am Landkrees Tuttlingen a Baden-Württemberg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Immendinge läit am Naturpark Obere Donau. Um Territoire vun der Gemeng sinn déi Plazen, déi "Donauversickerung" genannt ginn a wou d'Donau zäitweis am poröse Buedem vun hirem Bett verschwënnt.

An der Gemeng Immendingen ass den Höwenegg, deen éischte vun enger Rëtsch vu fréiere Vulkaner, "Hegauvulkaner" genannt. Do goufen och Fossile vu prehistoreschen Déieren ausgegruewen.

Immendingen grenzt am Norden un Talheim, am Osten un d'Kreesstad Tuttlingen, am Südosten un Emmingen-Liptingen, am Süden un Engen am Landkrees Konstanz an am Westen un d'Stad Geisingen an d'Stad Bad Dürrheim am Schwarzwald-Baar-Kreis.

Immendingen huet 1971, resp. 1974, mat de fréiere Gemengen Hattingen, Hintschingen, Ippingen, Mauenheim an Zimmern fusionéiert. Haut besteet d'Gemeng aus 22 Dierfer, Lieu-diten, Häff an eenzelenen Haiser.

Um Territoire vun der Gemeng steet d'Buerg Darrendobel an d'Buerg Immendingen.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wope vun der Gemeng Immendingen weisst e gedeelt Schëld uewen a Sëlwer an e roude Léiw, dee wiisst, ënnen ass e blo a sëlwerech, dräimol gedeelt.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Immendingen ass eng Garnisounsdstad an eng vun den dräi Plazen, wou d'däitsch-franséisch Brigad hir Kasären huet.

Den Tourismus spillt och eng wichteg Roll.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare vun Immendingen

Immendingen ass e wichtegen Eisenbunnsknuet, wou dräi Linnen zesummekommen: D'Schwarzwaldbahn vun Offenburg op Konstanz, d'Donautalbahn vun Donaueschingen op Ulm an d'Wutachtalbahn déi vun Immendingen aus op Waldshut féiert. Och d'Gäubahn geet iwwer säin Territoire.

Immendinge läit op der Bundesstraße 311 fir op Ulm oder Freiburg.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Oberes Schloss aus dem 12. Joerhonnert, haut d'Gemengenhaus;
  • Unteres Schloss aus dem 13. Joerhonnert, gouf spéider vun enger Géisserei a Maschinnefabréck benotzt;
  • Gedeckt hëlze Bréck iwwer d'Donau zu Zimmern
  • Bachzimmerer Tal (Kuelemeiler)
  • Klouschter Amtenhausen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Immendingen – Biller, Videoen oder Audiodateien