Op den Inhalt sprangen

Infrabel-Linn 134

Vu Wikipedia
Infrabel-Linn 134
Linnennummer 134
Besëtzer Infrabel
Bedreiwer SNCB
Technesch Donnéeën
Längt 5,5 km
Spuerbreet Normalspuer

D'Linn 134 vun Infrabel ass eng 5,5 km laang Eisebunnsstreck déi Mariembourg mat Couvin verbënnt.

D'Streck gouf 1854 a Betrib geholl, gläichzäiteg mat deem Deel vun der Linn 132 dee vu Mariembourg op d'franséisch Grenz féiert, an doriwwer eraus zu Vireux-Molhain Uschloss un dat franséischt Eisebunnsnetz huet.

D'Streck gouf de 17. Oktober 1954 zougemaach, awer dunn den 3. Juni 1984 erëm a Betrib geholl. Op der Streck fueren zanter 1995 keng Gidderzich méi. Si ass eegleiseg an net elektifizéiert.

Zanter Dezember 2002 zielt se zum Projet Qualité totale, a se gëtt vun InterRegiozich mat modernem Material befuer.

Garen an Halten op der Streck

[änneren | Quelltext änneren]

Mariembourg (132) (156) | Frasnes-lez-Couvin | Couvin

Op der Streck fiert den InterRegio r, Charleroi-Sud - Mariembourg - Couvin, deen aus Autorailen aus der Serie 41 zesummegesat ass.