Inge Meysel

Vu Wikipedia
Inge Meysel
Gebuer 30. Mee 1910
Berlin-Neukölln
Gestuerwen 10. Juli 2004
Bullenhausen
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller

D'Inge Meysel, gebuer den 30. Mee 1910 zu Rixdorf, haut Berlin-Neukölln, a gestuerwen den 10. Juli 2004 zu Seevetal-Bullenhausen, war eng däitsch Schauspillerin.

Si war d'Duechter vum däitsche jiddesche Geschäftsmann Julius Meysel a senger dänescher Fra Margarete Hansen. 1930 huet si zu Zwickau, Berlin a Leipzig hir Theatercarrière ugefaangen. An der Nazi-Zäit huet si, als "Halbjüdin", net däerfen optrieden. Doropshi goung si op Danzig wou s'als Telefonistin an als technesch Zeechnerin geschafft huet.

1945 ass si nees beim Theater, zu Hamburg wou se am Thalia Theater gespillt huet. Vill Succès hat si Enn vun den 1950er Jore mat hirer Roll vun enger Concierge am Stéck Fenster zum Flur, dat 1961 als Ihr schönster Tag, och mat hir an der Haaptroll, verfilmt gouf. Vun den 1960er Joren un huet si haaptsächlech an Tëleesproduktioune matgeschafft. Bekannt gouf si do virun allem duerch hir Roll vun der Käthe Scholz an der Serie Die Unverbesserlichen (1965 bis 1971), an 1965 als Néiesch an der Serie Gertrud Stranitzki.

Si huet sech hiert Liewe laang engagéiert, politesch fir d'SPD, gesellschaftlech ë. a. fir d'Rechter vun Homosexuellen a géint Aids.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Inge Meysel – Biller, Videoen oder Audiodateien