Insolatioun (Physik)
Insolatioun (vum lat. insolare "der Sonn aussetzen", "hëtzen") ass den Afall vun der Sonnestralung. Si suergt fir d'Opwiermung vun der Äerd, sou datt d'Energie vun der Sonn fir Liewewiesen notzbar ass. Si wierkt och op den Ënnergrond a verursaacht bei verännerlecher Astralung spierbar Variatioune vun der Buedemtemperatur, déi zu der mechanescher Verwitterung bäidroen. Zu dëse Phenomeener gehéieren d'Kärspréng an Ofschuppungen. D'Insolatioun gëtt mam Aktinometer gemooss.
Weider verursaacht d'Insolatioun meteorologesch Evenementer wéi de stännege Séiwand op laanggestreckte Küsten: Daagsiwwer erwiermt sech d'Land duerch d'Insolatioun méi séier wéi d'Mier, doduerch klëmmt d'Loft iwwer dem Land tendenziell op a stréimt vum Mier hier no.
An der Astronomie kann d'Insolatioun och bei Exoplanéite mat enken Ëmlafbunnen observéiert ginn, kuckt Hot Jupiter.
An der Dermatologie gëtt d'Insolatioun op d'mënschlech Haut gekuckt, wéi dat beim Sonnebad de Fall ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- meteoScool - Sonnestralung bei www.meteoblue.com