InterRegio s

Vu Wikipedia
Steierwon M6 BDx an der Gare vun Noorderkempen

Den InterRegio s ass e belschen Zuch, deen op der Streck Antwerpen - Noorderkempen am Stonnentakt fiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

2009 ass d'Héichvitessstreck 4 als Deel vun der Héichvitessstreck Bréissel - Amsterdam fäerdeg gestallt ginn. Well eng Rei Stied laanscht d'Streck bis dohi keen Uschloss un den Zuchreseau haten, goufen zu Luchtbal an Noorderkempen, wat Quartiere vun Antwerpe sinn, Gare fir Pendler gebaut.

D'LGV 4 gehéiert zu den éischte Strecken an Europa bei deenen den neien ETCS-System installéiert gouf. Eréischt kuerz virum Enn vum Chantier, Ufank 2008, huet d'SNCB erkannt datt si kee Material hat, dat mat deem neie System ekipéiert war.

D'Steierween M6 BDx waren zwar domat ekipéiert, mä well keng Lokomotiv do war déi kompatibel gewiescht wier, hätt den Zuch nëmme kennen an eng Richtung fueren. An der Nout gouf probéiert d'Serie 28 mat ETCS nozerëschten, wat net geklappt huet. Donieft huet sech erausgestallt datt d'Serie 28 sech net mat den M6'er Steierween verdroen huet.

An leschter Sekonn gouf sech du fir eng eenzegaarteg Kompositioun decidéiert. 2 M6 BDx Steierween encadréieren eng Serie 13 SNCB, a fuere sou als Shuttle déi ronn 24 Kilometer laang Streck. Well den ganzen Trajet nëmmen 20 Minutten dauert, ass just eng Ramm am Asaz, eng zweet steet als Reserve bereet.

Gare wou den Zuch hält[änneren | Quelltext änneren]

Antwerpen - Luchtbal - Noorderkempen

Numerotatioun vun den Zich[änneren | Quelltext änneren]

Antwerpen - Noorderkempen: 606 - 621
Noorderkempen - Antwerpen: 626 - 641