Internetforum

Vu Wikipedia

En Internetforum ass eng Web Applikatioun op enger Websäit, déi et senge Benotzer erméiglecht, fir mateneen ze kommunikéieren. Et ass eng Alternativ zu scho méi eelere Systemer wéi Usenet oder Mailinglëschten. Am Géigesaz zum Chat ginn déi geschriwwe Bäiträg net an engem Lach vu Logdateien ënner, mä se bleiwe gespäichert a kënne vu all berechtegte Benotzer (User) resp. Gaascht (Guest) gelies ginn.

Déi verschidden Nimm fir Internetforume sinn:

  • Diskussiounsforum,
  • Forum,
  • Board,
  • Bulletin Board,
  • Online/Webforum.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

An der Reegel huet sou een Internetforum e bestëmmt Theema an ass an der Struktur a Kategorië resp. an Ënnerkategorien opgegliddert.

Bannent de Kategorië kann de Benotzer dann en Theema (Topic, Thread) wat e wëllt opmaachen, deem en natierlech och een Titel (Iwwerschrëft) gëtt. Doropshi kënnen aner Benotzer dann äntwerten (reply) an de Threadstarter kann dat selbstverständlech och. Déi eenzel Bäiträg an engem Internetforum nennt een och nach "postings" (pl. Bäitrag) oder "replies" (pl.: Äntwert)

Duerstellungsmethoden[änneren | Quelltext änneren]

Ofhängeg vun der Foresoftware an hirer Konfiguratioun gëtt et verschidde Méiglechkeete fir den Inhalt vun engem Theema unzeweisen:

  • Threaded View: Bei dësem System ginn déi eenzel Bäiträg a Form vun engem Bam duergestallt. Et entsteet sou eng hierarchesch Struktur, duerch déi een erkennt, wat fir ee Bäitrag als Äntwert op wat fir een anere Bäitrag erstallt gouf.
  • Flat Style oder Linear Mode: Dëse System weist all d'Bäiträg an engem Theema a chronologescher Reiefolleg un.
  • Hybrid View: Eng Mëschung vun deenen anere Systemer.

Hierarchie[änneren | Quelltext änneren]

En Internetforum ass generell hierarchech organiséiert an an all gréisserem Internetforum gëtt et op d'mannst dës "Zorte" vu Benotzer:

  • Administrator: meeschtens de Grënner vum Forum an och meeschtens Webmaster, huet Zougrëff op den Admin Control Panel, Datebank, Server, etc.
  • Moderatoren: si këmmere sech ëm déi méi alldeeglech Aufgaben am Forum wéi z. B. datt net géint forumsintern Reegele verstouss gëtt.
  • Benotzer: Normal Membere vum Forum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Internet forum – Biller, Videoen oder Audiodateien