Interview

Vu Wikipedia
En Televisiounsinterview

En Interview ass eng Form vu Gespréich, woubäi eng oder méi Persounen op Froen äntwerten, déi duerch de sougenannten Interviewer gestallt ginn.

Déi geleefegst Form vun Interview ass déi an de Medien, wou e Journalist oder e Moderator Anerer interviewt. D'Froen an d'Äntwerte si fir de Public vun deene Medie bestëmmt.

Och an der Wëssenschaft ginn déi Gespréicher, déi fir Fuerschungszwecker ausgewäert ginn (z. B. an der Oral History), "Interview" genannt.

Eng weider Form vun Interview ass dee bei engem Virstellungsgespréich.