Invasiounsträifen

Vu Wikipedia
P-38 mat Invasiounssträifen

Invasiounsträife ware schwaarz a wäiss Sträifen déi um Romp an op de Flilleke vun den alliéierte Fligere gemoolt waren, déi am Zweete Weltkrich bei der Landung an der Nomandie dobäi waren.

Et waren dräi wäiss an zwou schwaarz Sträifen déi an der Reegel zwéi Fouss breet waren, an déi dozou gedéngt hunn, datt d'Fligere liicht konnte vun den eegene Leit erkannt ginn, wouduerch de Risiko fir e Beschoss vun eegener Säit, dem sougenannte friendly fire, sollt ausgeschalt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Invasiounsträifen – Biller, Videoen oder Audiodateien