Karen Blixen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Isak Dinesen)
Karen Blixen
Gebuertsnumm Karen Christentze Dinesen
Pseudonym Tania Blixen, Isak Dinesen, Pierre Andrézel, Osceola
Gebuer 17. Abrëll 1885
Rungsted
Gestuerwen 7. September 1962
Kopenhagen
Nationalitéit Dänemark
Aktivitéit Novellist
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Mamm Ingeborg Dinesen
Geschwëster Ellen Dahl

D'Karen Blixen, mam ganzen Numm Karen Christence von Blixen-Finecke, mam Meederchersnumm Dinesen, gebuer de 17. Abrëll 1885 zu Rungstedlund bei Kopenhagen an och do de 7. September 1962 gestuerwen, war eng dänesch Schrëftstellerin.

Si war och 17 Joer laang Kaffifarmerin am Kenia. Am däitschsproochege Raum ass se éischter ënner dem Pseudonym Tania Blixen bekannt, iwwerdeems déi meescht vun hire Bicher am engleschsproochege Raum dem Pseudonym Isak Dinesen, oder nach aneren, erauskoumen.

Si gouf bekannt duerch d'Buch Babette's Feast (1958), dat 1987 als Babettes gaestebud verfilmt gouf an dat Joer drop en Oscar fir de beschte friemmsproochege Film krut, an och de Film Out of Africa, deen op autobiographeschen Erzielunge baséiert, an an deem d'Meryl Streep hir Roll interpretéiert huet.