Isfahan
Isfahan | |
---|---|
![]() Isfahan | |
Land | ![]() |
Verwaltungseenheet: | Provënz Isfahan |
Koordinaten: | 32° 39’ 27’’ N 51° 40’ 36’’ E |
Awunnerzuel: | 1.755.000 (2010) |
Héicht: | 1500 m i. NN |

Isfahan, Farsi: اصفها (Eṣfahān), ass eng Stad an Zentraliran mat ronn 1.755.000 Awunner (2012) an d'Haaptstad vun der Provënz mam selwechten Numm.
Isfahan hat seng Glanzzäit ënnert der Dynastie vun de Safawiden (1501–1722), déi et 1598 zu hirer Haaptstad gemaach hunn an dofir eng Rëtsch Prachbauten a Gäert opgeriicht hunn, absënns d'Prachtmoscheeë ronderëm d'Imam-Plaz am Zentrum.
Et läit ronn 400 Kilometer südlech vun der Haaptstad Teheran eng 1500 Meter iwwert dem Mier an enger Floss-Oas am Dall vum Zayandeh Rud, um Bord vun de Zagrosbierger.
Am Süden an am Weste vun der Stad stinn d'Bachtiari-Bierger, an am Norden an am Osten erstrecjt sech den iranesche Plateau, deen an d'Wüsten iwwergeet.
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- D'Alstad mat hire Palaisen, Minaretten an de bloe Kuppele vun de Moscheeën;
- d'Si-o-se Pol, eng Bréck mat 33 Béi vu 1602;
- d'Imam-Plaz mat hiren duebelstäckegen Arkade ronderëm, mat op hiren Ecken de Prachtmoscheen Masǧed-e Emām a Lotfollāh), dem Ālī Qāpū-Palais ("Héich Paart") an dem Basar um nërdleche Wupp. Si ass déi gréisste Plaz op der Welt vun där Zort a gehéiert zanter 2012, zesumme mat der Freidesmoschee vun Isfahan (Masjed-e Jāmé)vzu der UNESCO-Weltkulturierfschaft.
Galerie[änneren | Quelltext änneren]
Muqarnas-Dekor op der Entree vun der aler Freidesmoschee
Vank-Kathedral vun den armenesche Chrëschten
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Isfahan – Biller, Videoen oder Audiodateien |