Israel-Libanon-Konflikt

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Zone vun den Ausernanersetzungen

Den Israel-Libanon Konflikt ass deen neisten Noostkonflikt.

Déi militäresch Ausernanersetzung huet den 12. Juli 2006 ugefaangen duerch e Grenzugrëff vun der Hisbollah. De Konflikt dauert nach ëmmer un.

Hannergrënn[änneren | Quelltext änneren]

1978 ass Israel an de Libanon amarchéiert nodeem no engem Attentat vun de palestinensechen Ënnergrondkämpfer an Nordisrael 37 Mënschen ëmkomm sinn. Déi israeelesch Truppen hu sech no e puer Wochen awer erëm zeréckgezunn an eng Pufferzone vun enger Breet vun 10 km ass entstanen. 1982 huet déi israeelesch Arméi e Feldzuch géint déi palestinensesch Organisatiounen am Libanon gestart. Dëst ënner dem Kommando vum Ariel Shannon. An de Flüchtlingslageren zu Beirut gouf et e Massaker u Palestinenser an de libanesche Staatspresident Bechir Gemayel konnt säin Amt net untrieden, well hien ass vidrun bei engem Bommenattentat ëm d'Liewe komm ass. Den israeelesche Friddenskontrakt gouf vum Libanon net ratifizéiert. 1985 zitt sech Israel aus dem Libanon zeréck, behält sech awer eng Sécherheetszon. 1990 war d'Enn vum libaneesesche Biergerkrich. Israel an de Libanon komme fir Friddensgespriecher zesummen an déi éischt Noost-Konferenz ass zu Madrid. 1996 marschéiert Israel op en Neits an de Libanon an. Dës Kéier war en Ugrëff an Nordisrael vun den Hisbollah. Dëse Konflikt huet vill Affer gefuerdet a vill Mënsche sinn aus dem Libanon geflücht. Den israeelesch Ministerpresident Ehud Barak huet 1999 de vollstännege Réckzuch ugekënnegt an deen duerch en Friddenskontrakt bestätegt. Dëse Friddesofkommen ass awer duerch Syrien a dem Libanon gescheitert. De Barak huet seng Truppen aus dem Südlibanon ofgezunn, wärend d'Hisbollah sech op de geraumten Territoiren ausgebreet hunn. 2004 huet d'UNO gefuerdert datt all Truppen aus dem Libanon sollen ofgezu ginn.

De Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. Juli ass Israel no der Entféierung vun zwéi Zaldoten duerch déi schiittesch Miliz, d'Hisbollah an de Libanon amarschéiert. De Nasrallah, Chef vun der Hisbollah, wollt palestinensesch géint libaneesesch Gefaangen austauschen. Israel mécht allerdéngs de Libanon dofir verantwortlech.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 2006 Lebanon War – Biller, Videoen oder Audiodateien