Ivo Strigel
Ausgesinn
Den Ivo Strigel, gebuer 1430 zu Memmingen a Bayern, an do gestuerwen 1516, war en däitsche Sculpteur aus der Kënschtlerfamill Strigel.
Hien huet vu 1480 un en Atelier gefouert, an deem en ettlech Altär a Statue geschnëtzt goufen.
Auswiel vu senge Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Den Altor an der Parkierch am Schwäizer Disentis am Kanton Graubünden.
- De Memminger Altor, e Klappretabel aus dem Atelier vum Ivo an Hans Strigel, deen am "Dom zu Unserer Lieben Frau", der sougenannter Frauenkirche zu München steet.
- D'Holzstatu vun der Jesusmamm um Marienaltor an der Kierch vun der Benediktinerabtei Klierf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Elfriede Th. M. Virchow: Schätze im Verborgenen: die Altäre von Ivo Strigel in Graubünden, Chur, Terra Grischuna, 2004, 95 S.: illustréiert, Kt. ; 20 cm, 190 gr
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ivo Strigel – Biller, Videoen oder Audiodateien |