Was mir behagt, ist nur die muntre Jagd

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jagdkantat)

Was mir behagt, ist nur die muntre Jagd (BWV 208), och als "Jagdkantate" bekannt, ass eng Kantat vum Johann Sebastian Bach.

D'Kantat gouf 1713 fir den 31. Gebuertsdag vum Christian vu Sachsen-Weissenfels als festlech Tafelmusek komponéiert, a gouf warscheinlech dann owes no enger laanger Juegd vum Fürst opgefouert.

De Libretto ass vum Salomon Franck. Den Dichter bezitt sech beim Text op déi klassesch Mythologie: d'Diana, d'Gëttin vun der Juegd (Sopran), den Endymion (Tenor) an de Pan (Bass) an der Pales (Sopran) luewen de Fürst Christian.

Et ass déi eelst bekannt weltlech Kantat vum Bach, Si besteet aus enger Folleg vu 15 éischter kuerze Rezitativen, Arien a Chéier déi relativ fräi opgebaut sinn, d. h. op ville Plazen net dem übleche Formschema vun der Zäit entspriechen. De Juegdcharakter vun der Musek gëtt duerch den Asaz vun zwéi Coren ënnerstrach. D'Arie vun der Pales - "Schafe können sicher weiden" - gëtt an hirem pastorale Charakter vun zwou Blockflütte begleet, ass de bekanntste Saz vun dëser Kantate.

Besetzung[änneren | Quelltext änneren]

E méifach besate Chouer ass vum Bach net ausdrécklech virgesinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]