James Brown
| James Brown | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | James Joseph Brown |
| Gebuer |
3. Mee 1933 Barnwell |
| Gestuerwen |
25. Dezember 2006 Atlanta |
| Doudesursaach | Longenentzündung |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Singer-Songwriter, Sänger, Komponist, Dänzer, Museksproduzent, Politiker, Pianist, Gittarist, Produzent |
| Auszeechnungen | Grammy Lifetime Achievement Award, Kennedy-Präis, Stär um Hollywood Walk of Fame, Rock and Roll Hall of Fame |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Tomi Rae Hynie (2.1.2001–25.12.2006), Velma Warren (1953–21.4.1969), Deidre Jenkins (1970–30.12.1981), Adrienne Rodriguez (1984–6.1.1996) |
| Kanner | James Brown Jr. |
| Websäit | http://www.godfatherofsoul.com |
|
| |
Den James Joseph Brown, jr., gebuer den 3. Mee 1933 am Barnwell County, South Carolina, a gestuerwen de 25. Dezember 2006 zu Atlanta, Georgia, war en US-amerikanesche Museker. Hien huet Uergel, Piano, Gittar a Batterie gespillt, ass awer bal nëmmen als Sänger an Dänzer opgetrueden. Ausserdeem war e Bandleader a Museksproduzent. Wéinst senger wichteger Plaz an der Rhythm and Blues- a Soul-Musek vun den 1950er an 1960er Joren, ma besonnesch och wéinst sengem determinanten Afloss beim Entstoe vun engem neie Soul-Stil, dem Funk, gëtt den James Brown zu de bedeitendste Pop-Museker vum 20. Joerhonnert gezielt.
Zu senge bekanntste Lidder zielen (Get Up I Feel Like Being A) Sex Machine, It's A Man's Man's World, Living in America an (I Got You) I feel Good. Legendär sinn och seng Liveshowen, wou e wéi elektriséiert ronderëmgedanzt huet, ëmmer nees de Feedback vum Publikum gesicht huet, an an engem bestëmmte Moment gemaach huet wéi wann e komplett fäerdeg wier, sech ofgestäipt vun der Bün erausbegleede gelooss huet, fir da kuerz drop, wéi nei gebuer, ëm sou méi a Form weidergegfuer ass.
De Brown huet de Stil an d'Optriede vu Museker wéi Michael Jackson oder Prince staark beaflosst a seng Stécker goufen zegmol am Hip-Hop gesamplet.
Hien huet an e puer Filmer matgespillt, z. B. a Rocky IV mam Stéck Living in America oder als Paschtouer a Blues Brothers a Blues Brothers 2000.
Als ee vun den éischten afro-amerikanesche Museker, déi sech aktiv fir d'Rechter vun de Faarwegen an den USA agesat hunn, ass den James Brown bis haut eng Symbolfigur vun der Black consciousness.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: James Brown – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Godfather of Soul - Offiziell Websäit
- "James Brown ist tot: Seele auf Feuer", faz.net, 27. Dezember 2006
