James Edwin Meadows

Vu Wikipedia
James Edwin Meadows
Gebuer 1828
Gestuerwen 1888
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Moler

Den James Edwin Meadows, gebuer 1828, a gestuerwen 1888, war en englesche Landschaftsmoler vu London. Hie koum aus enger Famill, mat grousser Molertraditioun, a war de Bouf vum James Meadows Sr.

De Meadows ass duerch déi ganz Insel gereest fir Motiver fir seng Biller ze fannen. Besonnesch hat awer d'Südküst him et ugedoen. En huet vill Biller am Essex, Kent, Sussex, Surrey, an op der Insel Wight gemoolt.

Seng Biller goufen an de grousse Londoner Gallerien ausgestallt, an der Royal Academy (1845-72) am British Institute, an an der Royal Society of British Artists.