Jange-Kierch zu Sohrol

Vu Wikipedia
Jange-Kierch zu Sohrol
Land Iran
Koordinaten 38°17'54,5"N, 46°11'47,0"O
Opgaangen 1840
Vue vun Norwesten aus
D'Zentralkuppel, bannenan

D'Jange-Kierch zu Sohrol (Armeenesch:Սուրբ Յովհաննէս Եկեղեցի; Persesch: کلیسای سهرل) ass eng fréier armeenesch-apostoulesch Kierch, an der haiteger iranescher Provënz Ost-Aserbaidjan beim Duerf Sohrol, ronn 25 km nërdlech vun der Stad Täbris.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 5. a 6. Joerhonnert n. Chr. gouf op där Plaz eng Kierch gebaut, déi am 19. Joerhonnert just nach eng Ruin war. 1840 gouf op där hire Grondmaueren, op Initiativ vun engem gewëssen Hagubow, engem engem räichen Armeenier, an ënner der Leedung vum russeschen Architekt Samson Jakowljewitsch Makinzew (Самсо́н Я́ковлевич Маки́нцев, och als Sam Khan, Persech سامسونخان, bekannt), dee Member vum Bogatyr-Battalioun war, eng nei armeenesch Kierch gebaut.

Déi gouf 1936 bei engem Äerdbiewe schwéier beschiedegt, an d'Dieren an d'Fënstere goufe geplëmmt. An de Joren dono, well d'Armeenesch Chrëschten no an no aus dem Iran ausgewandert sinn, huet laang kee sech drëm gekëmmert.

Zanter 1968 steet s'op der Lëscht vum iraneschen Architekturpatrimoine. 2020 goufe Renovéierungsaarbechte gemaach: Rëss an de Mauere goufen zougemaach an déi goufen ofgestäipt, fir ze verhënneren datt den Terrain soll rëtschen.[1]

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai ass 18,45 m laang an tëscht 5,7 m 8beim Altor) a 4,5 m breet. Et ass aus Zille gebaut, mat der Entrée op der Westsäit an dem Altor am Osten. D'Kierch huet dräi verschidde Kuppelen: eng iwwer der Entrée, am Westen, wou e Klackentuerm mat engem aachteckege Grondrëss, op deem eng gefächert pyramidefërmeg Kuppel steet, ass; eng iwwer der zentraler Hal, déi eng Keegelform huet, an eng méi kleng iwwer dem Altor, déi och e Pyramidendaach mat aacht Säiten huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jange-Kierch zu Sohrol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "5th-century church being restored in northwestern Iran." tehrantimes, 2020-11-30 (nogekuckt: 2023-01-02).