Jaume Bartumeu
Ausgesinn
| Jaume Bartumeu | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
10. November 1954 Andorra la Vella |
| Nationalitéit | Andorra |
| Educatioun |
Universitéit vu Barcelona, Universitéit Toulouse I |
| Aktivitéit | Politiker, Affekot |
| Fonctioun | Premierminister vun Andorra, Member of the General Council of Andorra, Suppleant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, Representant vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot |
| Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
|
| |
De Jaume Bartumeu Cassany, gebuer den 10. November 1954, ass en andorranesche Politiker.
Hien ass zanter 1982 um Barreau zu Andorra als Affekot ageschriwwen. Hien ass Matgrënner vun der andorranescher sozial-demokratescher Partei, a war tëscht 2000 an 2004 hiren éischte Sekretär. 1990-1992 war hie Minister fir Finanzen, Handel an Industrie.
Bei de Parlamentswale vun 2009 krut seng Partei mat 45,03 % (14 Sëtz) déi meescht Stëmmen an hie gouf Premierminister. Déi virgezunnen Neiwalen am Abrëll 2011 goufe mat absolutter Majoritéit vun der Oppositiounspartei Demòcrates per Andorra gewonnen.
Hien ass bestuet an huet 2 Kanner.
