Jean-Pierre Glesener

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Jean-Pierre (Jempi) Glesener, gebuer de 6. August 1921 zu Rëmeleng an och do gestuerwen den 12. Oktober 1993, war Drécker, Scout, lëtzebuergesche Resistenzler am Zweete Weltkrich a Politiker.

Duerch säi soziaalt Wiesen a säin Engagement fir seng Matmënschen huet hie scho ganz fréi ëffentlech Chargen ugeholl fir no an no héich politesch Responsabilitéiten z'iwwerhuelen. Sou war hien:

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Glesener war de Jong vum Schoustermeeschter Henri Glesener. No senger Primär- an Oberprimärschoul zu Rëmeleng goung hien an déi deemoleg Industrie- an Handelsschoul op Esch-Uelzecht. Duerno huet hien an enger Stater Dréckerei d'Handwierk vum Schrëftsetzer geléiert a krut den 2. Abrëll 1942 säi Gesellebréif.

Am September 1945 ass hie bei der „Imprimerie St. Paul“ agestallt ginn. Deemools huet och seng politesch Carrière ugefaangen.

Am Dezember 1946 gouf hie mat der Léonie Heinz vu Rëmeleng bestuet. Hie war Papp vun 3 Kanner: Denise, Paulette an Henri Glesener.

De Scout[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich (1946) hunn d'Rëmelenger Scouten en neie Chef (deemolegen Titel: Sektiounsmaster) gesicht. De Jempi, dee vu Kand un an de Scoute war, huet dës Erausfuederung ugeholl an d'Trupp St. Sébastien bis 1950 geleet.

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

Scho ganz fréi stoung de Jempi Glesener an de Reie vun der Resistenzorganisatioun „L.F.B.“ (Lëtzebuerger Fräiheetsbewegung). Säin eelere Brudder Hubert, deen eng wierksam Roll am Ënnergrond gespillt huet, huet de Jempi a säin anere Brudder Robi fest mat agespaant, besonnesch beim Drécken a Weiderleede vun Tracten. Vill vun deenen Tracten, déi an der Geheimdréckerei am bekannte Caveau um Rëmelenger Kierfecht gedréckt goufen, si vum Jempi op der Schreifmaschinn getippt ginn. Hie war och als Passeur am Asaz.

Nodeem hien am Hierscht 1943 bei d'Wehrmacht agezu gi war, ass en Enn 1943 desertéiert an iwwer d'franséisch Grenz geflücht. Hie gouf awer den 29. Dezember bei Audun-le-Roman, zesumme mat sengem Brudder Hubert, der Juliette Fiedler an dem Raymond Heyardt, verhaft an an d'KZ Hinzert ageliwwert. Den Hubert, no deem d'Gestapo schonn zwee Joer laang gesicht hat, gouf, ouni veruertelt ze ginn, vun de Preisen erschoss. De Jempi, deen duerch d'Prisonge vu Lëtzebuerg-Gronn, München, Landshut an Heilbronn passéiert ass, koum virun e Krichsgeriicht a gouf zum Doud veruerteelt, Uerteel wat spéider awer ëmgewandelt gouf. De Jempi koum de 6. Juni 1944 an e „Strafbataillon“, dat an der Normandie géint d'alliéiert Landungstruppen agesat gouf. Den 8. August ass hie bei Saint-Lô eng zweet Kéier desertéiert an en ass bei d'Amerikaner iwwergelaf. No bal 8 Méint Krichsgefaangenelager gouf hien den 21. Mäerz 1945 vu Cherbourg aus rapatriéiert.

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Glesener war Member an der CSV. Hien huet fir d'éischt hallef Deeg am CSV-Haaptbureau geschafft, éier hien d'Charge vum Sozialsekretär ugeholl an déi 23 Joer laang hat.

1957 gouf de Jean-Pierre Glesener an de Rëmelenger Gemengerot gewielt, wou e bis den 8. Mäerz 1985 gewierkt huet.

1964 huet e fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf gläich am Spëtzepeloton gewielt a souz du bis 1989 an der Chamber.

Och op der europäescher Bühn war hien en engagéierte Politiker. Vun Oktober 1969 bis Dezember 1974 war hien am Europa-Parlament. Hie war während 5 Joer Member vum Europarot a Lëtzebuerger Vertrieder bei der NATO.

De Veräinsmënsch[änneren | Quelltext änneren]

Trotz senge ville Verflichtungen huet de Jean-Pierre Glesener seng Heemechtsstad Rëmeleng net vergiess. Bis 1960 huet hien als Lokalkorrespondent fir d'Wort geschafft a sech am Veräinsliewen engagéiert. 30 Joer laang war hie President vun der Rëmelenger Zwangsrekrutéiertesektioun „Ons Jongen“, 28 Joer laang President vum Kierchechouer, 35 Joer laang Sektiounssekretär vun der Rëmelenger CSV, Member vum Kiercherot an Éierepresident vun der lokaler Amiperas-Sektioun.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]