Jean Bourdelle

Vu Wikipedia
Jean Bourdelle
Gebuer 19. Mäerz 1947
Brive-la-Gaillarde
Gestuerwen 9. Januar 2006
Nanterre
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist, Ëmweltaktivist

De Jean Bourdelle, gebuer den 19. Mäerz 1947 zu Brive-la-Gaillarde an der Corrèze a gestuerwen den 9. Januar 2006 zu Nanterre, war e franséische Journalist, Schrëftsteller an Ekologist.

Hien huet als Techniker um Service des eaux et de l'assainissement de Brive-la-Gaillarde geschafft a war e Militant vum PCF, der Franséischer Kommunistescher Partei. Am Ufank huet hien e bësselchen an der kommunistescher Press geschriwwen, an 1968 decidéiert, sech fir professionelle Journalist ze ginn.

Als Ekologist huet hien Ecologia gegrënnt, eng Zäitschrëft, déi eemol am Mount erauskënnt, an en ass och bei der Grënnung vun der Association des journalistes de l'environnement dobäi gewiescht. 1998 gouf hie Chefredakter vum Journal des Maires.

Hien ass stënterlech op senger Aarbecht gestuerwen.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Limoges, 1870-1919, la mémoire ouvrière, 1984, éd. Pierre Fanlac).
  • Carnets Nature, an der Editioun du Chêne:
    • Les clés de la météo
    • La nature en bord de mer
    • Les champignons
    • Découvrir la forêt