Jean Parisot de La Valette
Ausgesinn
| Jean Parisot de La Valette | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Gebuer |
1494 Parisot |
| Gestuerwen |
21. August 1568 Malta |
| Nationalitéit | Kinnekräich Frankräich |
| Aktivitéit | Politiker, Militär |
|
| |
De Jean Parisot de La Valette, gebuer 1494 am Schlass vu Labro zu Parisot, a gestuerwen den 21. August 1568 zu Valletta op Malta, war e Groussmeeschter vum Souveräne Malteeseruerden.
De Jean Parisot de La Valette entstaamt enger aler Famill vun Toulouse. 1557 gouf hien zum 49. Groussmeeschter vun de Malteeser gewielt, e Posten, deen hie bis zu sengem Doud hat.
Hien huet sech 1565 e groussen Numm gemaach, wéi e bei der Belagerung vu Malta dem Suleiman II. mat senge 40.000 Männer an iwwer 200 Schëffer de Bass gehalen huet, a sou d'Tierken heemgeschéckt huet. Duerno huet hien d'Festung weider ausbaue gelooss an 1566 huet en d'Stad Valletta gegrënnt, déi säin Numm dréit.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jean Parisot de La Valette – Biller, Videoen oder Audiodateien |
