Jeff Eagle

Vu Wikipedia
Jeff Eagle
Gebuertsnumm Jeffrey "Jeff" Eagle
Pseudonym Jeffrey Hurst
Gebuer 26. Abrëll 1947
Brooklyn
Nationalitéit USA
Aktivitéit Pornofilm-Schauspiller

Den Jeffrey "Jeff" Eagle, gebuer de 26. Abrëll 1947 am Quartier Brooklyn vun New York, ass e fréieren US-amerikanesche Pornoschauspiller[1], deen och a "gängege" Filmer an an Televisiouns- an Theaterproduktioune mat Niewerolle geschafft huet. Als Pornoacteur, war hien ënner dem Pseudonym Jeffrey Hurst bekannt[2][3], an huet hien och ënner sechs aneren Aliasse figuréiert[4].

Den Eagle ass an enger jiddescher Famill am Brooklyner Staddeel Bensonhurst op d'Welt komm. Hien huet op enger Héichschoul Drama studéiert, an huet dervu gedreemt, fir eng Carrière als Theaterschauspiller unzefänken. Seng éischt Experienz op der Bün war keen Erfolleg, duerno ass hie just Zeenenaarbechter an engem Theater ginn. 1972 koum den Eagle bei d'"Adult"-Industrie an am Joer 1973 ass hien ënner dem Alias Jeffrey Hurst, deen zu Éiere vu sengem Heemechtsquartier Bensonhurst geholl huet, a sengem éischten Hardcoreporno opgetrueden. All seng Aktivitéit war an der Period vum sougenannte Golden Age of Porn (Porno Chic) an am Ganzen huet den Jeffrey "Hurst" a ronn 45 Produktioune matgemaach[3].

Parallel zum Pornofilm, huet hien och probéiert, a Mainstreamproduktiounen opzetrieden, besonnesch a verschiddenen Off-Broadway-Theaterstécker [5],[6]. Den Jeff Eagle hat och an en ettleche Filmer a Seriene Niewerollen[7], grad wéi a Reklammsvideoen[3]. Hien huet deemools seng Optrëtter am Pornofilm verheemlecht.

Derno gouf den Jeff Eagle mat der Roll vum Henry Weiner am Sexplorationfilm Slammer Girls (1987) bekannt[8]. Seng spéider Aktivitéit a Filmer war minimal.

Hien ass den Auteur vun der Autobiographie Fade To Blue: The Accidental Porn Star[3].

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Playboy. November 1976, Vol. 23, Iss. 11, pg. 152, by: Arthur Knight, "Sex In Cinema - 1976"
  2. https://www.therialtoreport.com/2013/03/30/podcast-04-jeffrey-hurst-the-reluctant-porn-star/
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 https://www.therialtoreport.com/2016/12/04/jeffrey-hurst/
  4. Fiche op IAFD (en)
  5. Otis L. Guernsey, Louis Kronenberger. The Best Plays of 1971-1972 - SS. 352, 373 - Dodd, Mead & Company; 1972
  6. Ian Herbert, John Parker, Christine Baxter, Robert E. Finley. Who's Who in The Theatre - S. 155 - Pitman, 1977
  7. D'Fichen op IMDb: als "J. Hurst", als "J. Eagle" (en)
  8. James Robert Parish. Gays and lesbians in mainstream cinema: plots, critiques, casts and credits for 272 theatrical and made-for-television Hollywood releases - S. 349 - McFarland & Co., 1993 - ISBN 978-0899507910