Jeffrey Evans

Vu Wikipedia
Jeffrey Evans
Gebuer 13. Mee 1948
Göteborg
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Partei Onofhängeg


Wope vun der City of London

Den Jeffrey Richard de Corban Evans, 4. Baron Mountevans, gebuer den 13. Mee 1948 a Schweden, ass e brittesche Schëffsagent a Politiker.[1]

Hie gouf de 4. Juli 2007 Alderman vun der City of London. Vun 2012 bis 2013 war hie Sheriff vun der City of London[2] a gouf fir 2015-2016 als Lord Mayor vun der City of London gewielt[3].

Den 21. Dezember 2014, nom Doud vu sengem Brudder, dem 3. Baron Mountevans, gouf den Hon. Jeffrey Evans 4. Baron Mountevans. Den éischte Barongstitel an der Famill hat säi Grousspapp, den Admirol Sir Edward Evans den 12. November 1945 kritt[4].

Den Jeffrey Evans ass zanter dem 7. Juli 2015 Member vum House of Lords.

Auszeechnungen

Um Spaweck

Referenzen

  1. www.burkespeerage.com
  2. www.cityoflondon.gov.uk
  3. www.cityam.com
  4. www.thepeerage.com