Jesus Christus Erlöser
Ausgesinn
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Däitschland |
Première | 11. Februar 2008 |
Dauer | 84 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch |
Englesch, Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Peter Geyer |
Fotografie | Peter Zeitlinger |
Musek |
Florian Käppler Daniel Requardt |
Schnëtt |
Konrad Bohley Michael Dreher Peter Geyer |
Schauspiller | |
Klaus Kinski | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Jesus Christus Erlöser ass en däitsche Film vum Peter Geyer aus dem Joer 2008.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film ass eng Opzeechnung vun enger Liesung vum Klaus Kinski vum 20. November 1971 an der Deutschlandhalle zu Berlin. Hien huet deemools probéiert, eleng op der Bün säin eegenen Text "Jesus Christus Erlöser" virzedroen, un deem hie méi wéi 10 Joer geschafft huet. Et war d'Zäit vun der Hippiebeweegung a vum Musical "Jesus Christ Superstar", dat du massive Succès hat. Mee d'Virliesung war en héich emotionalen Owend ginn mat heftege Konflikter tëscht dem Kinski an dem Publikum. Si gouf e puermol ofgebrach a schliisslech virun engem bal eidele Sall zu Enn bruecht.
De Film ass en Zesummeschnëtt vun den Opnamen, déi deemools gemaach goufen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Film um Filmportal