Jiří Dienstbier

Vu Wikipedia
Jiří Dienstbier
Pseudonym Želmíra Živná
Gebuer 20. Abrëll 1937
Gestuerwen 8. Januar 2011
Prag
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Tschechesch Republik, Tschechoslowakei
Educatioun Karls-Universitéit,
Université de Bourgogne
Aktivitéit Journalist, Politiker, Schrëftsteller, Iwwersetzer
Partei ČSSD

De Jiří Dienstbier, gebuer den 20. Abrëll 1937 zu Kladno a gestuerwen den 8. Januar 2011, war en tschechesche Journalist, Dissident a Politiker.

Den Dienstbier hat en Doktorat a Journalismus.Hie gouf Member vun der tschechoslowakescher KP an huet als Auslandskorrespondent am westlechen Ausland fir den tschechoslowakesche Radio geschafft. Well hien d'Reformbeweegung vum Prager Fréijoer 1968 ënnerstëtzt hat, ass hien, nodeem dës ermëlzt gi war, aus der Partei geflunn an huet säi Beruff verluer; en huet sech misse mat klengen Aarbechten, z. B. als Heizer, derduerchschloen.

De Jiří Diensbier war ee vun deenen Éischten, déi d'Charta 77 ënnerschriwwen hunn, an eng Zäit hire Porte-parole. Dowéinst ass en och vun 1979 bis 1982 an de Prisong komm. 1989 huet hien d'Obcanské forum mat gegrënnt, a gouf, no der Samette Revolutioun, Ausseminister a Vizepremier ënner dem Václav Klaus (bis 1992).

1993 bis 1996 war hie President vun enger liberaler Partei, Kommunalpolitiker zu Prag, a 1998-2001 Spezial-Rapporteur fir d'UN-Mënscherechtskommissioun am fréiere Jugoslawien.

Duerno huet hien op verschiddene Universitéite Virliesungen iwwer Aussebezéiunge gehalen a fir d'Agence Reuters geschafft.

2008 gouf hien onofhängeg Senateur am tschechesche Senat.

Hie war bestuet an hat 3 Kanner.

Quell: Karel Janicek: "Jiri Dienstbier, 1st foreign minister of Czechoslovakia after 1989 communism fall dies at 73", The Associated Press, 08/01/2011 9:44 AM Last Modified: 08/1/2011 4:24 PM. a fr:Wiki

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jiří Dienstbier – Biller, Videoen oder Audiodateien