Op den Inhalt sprangen

Jickert

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wou Jicktubak ass do soll d'Späizdëppchen net feelen, sou wéi hei beim Thomas Edison, 1914

E Jickert ass e Mënsch, dee säin Tubak net fëmmt mä jickt.

Meeschtens waren et Männer, déi gejickt hunn. Si hunn e bëssen einfachen Tubak oder Jicktubak an de Mond gestach an drop geknat, wéi wa si Knätschgummi tëscht den Zänn hätten. Duerch dat Knaen ass e bronge Saaft am Mond entstanen, dee si dann erausgespaut hunn. Dofir stoungen zur Zäit, wéi d'Jicken a Moud war, an de Wiertschaften Dëppen an déi dee bronge Saaft konnt gespaut ginn.