John Evershed

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den John Evershed, gebuer de 26. Februar 1864 zu Gomshall am Surrey, a gestuerwen de 17. November 1956 zu Ewhurst am Surrey, war en engleschen Astronom.

Den John war dat siwent Kand vum John Evershed a senger Fra Sophie, d'Duechter vum David Brent Price of Portsmouth. An der Primärschoul war den John Jr. beim Neville Chamberlain an der Klass.

1890 war den Evershed Matgrënner vun der British Astronomical Association, an 1906 huet e sech mat der Mary Ackworth Orr bestuet, déi mat him bis zu hirem Doud 1949 zesummegeschafft huet.

Den Evershed gouf duerch seng Entdeckung vu Massebeweegunge bekannt, déi an de Sonneflecke spektroskopesch konnten nogewise ginn.

Seng lescht Publikatioun, en autobiographeschen Text, gouf 1955 a Vistas in Astronomy publizéiert.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]