John Ludwig

Vu Wikipedia
John Ludwig
Gebuer 25. September 1839
Gestuerwen 22. September 1906

De John (Johann, Jean) Ludwig, gebuer de 25. September 1839 zu Kanech[1] a gestuerwen den 22. September 1906 zu Winona[2] war e lëtzebuergesche Geschäftsmann an Entreprener.

Hien ass mat 16 Joer an d'Vereenegt Staaten ausgewandert an huet sech zu Fond du Lac, Wisconsin, als Geschäftsmann etabléiert. Am Amerikanesche Biergerkrich huet hien op der Säit vun de Federéierte gekämpft, a gouf fir d'éischt zum Sergeant, dunn zum Feldwebel a spéider zum 2. Läitnant ernannt.

Nom Krich huet de Ludwig sech zu Chicago als Hotelier néiergelooss an 1867 huet en zu Winona en Hotel opgemaach. 1867 huet hie sech mat der Anna Siegfried vu Chicago bestuet; si hate siwe Kanner. Hie war e puer Legislaturperiode Gemengeconseiller a gouf 1877 zum Gemengekeessjee gewielt, spéiderhi véiermol hannereneen zum Buergermeeschter vu Winona.

Leit vu Winona, déi an den Dakota ausgewandert sinn, fir do eng nei Uertschaft ze grënnen, hunn déi nom Ludwig genannt.

1892 huet hien d'German-American Bank gegrënnt a gouf hire President.

1893 an 1894 war hie President vum Luxemburger Centralverein an Amerika.

Hie gouf zu senger Zäit als ee vun den éischte Lëtzebuerger Emigranten an Amerika ugesinn, déi et "zu eppes bruecht" haten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Jean-Nicolas Moes: "John Ludwig", in: Das Luxemburger Land in Wort und Bild 1. Jg, Nr.29, 20. Oktober 1895, S.113-116.
  2. "Death of Hon. John Ludwig Removes Prominent Citizen from Winona." in: Winona Republican-Herald, Sep 22, 1906; Section: None; Page: 10 findagrave.com, gekuckt de 24.10.2012