Kölsch (Béier)

Vu Wikipedia
E puer Glieser Kölsch an engem "Kranz".

Kölsch ass en uewergärege Béier mat engem relativ mëlle Geschmaach.

Den Numm Kölsch ass e geographesch geschützte Label vun der EU. Dofir däerf en nëmme fir Béier benotzt ginn, deen an der Regioun vu Köln gebraut gëtt.

Kölsch ass awer iwwer Köln eraus bekannt a gëtt am ganze Rhäinland vill gedronk. Donieft gëtt en a manner grousse Quantitéiten och an aner Regioune vun Däitschland an an d'Ausland exportéiert. Déi bekanntst Kölsch-Marke si Reissdorf, Gaffel a Früh. Am Ganze gëtt et der tëscht 20 an 30.

Kölsch gëtt a klenge Glieser servéiert, traditionell 0,2 oder maximal 0,3 Liter. Déi dréit de Garçon dacks an engem sougenannte "Kranz", wou hien zéng oder méi Glieser kann drastiechen..

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kölsch – Biller, Videoen oder Audiodateien