Kachdëppen

Vu Wikipedia
Zwee Kachdëppen

E Kachdëppen ass e Kichegeschier, an deem Iesse gekacht gëtt.

Kachdëppe si meeschtens aus Metall, a Form vun engem Zylinder deen no uewen op ass. Se kënnen e ronnen oder ovale Grondrëss hunn, an hunn zwéi Grëffer baussen op der Zylinderwand déi meescht vis-à-vis vunenee festgemaach sinn. Déi meescht hunn en Deckel deen drop passt, mat enger Hänk drun.

Wann en Dëppen e laange Still amplaz vun den zwéi Grëffer huet, schwätzt ee vun enger Kasseroll.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kachdëppen – Biller, Videoen oder Audiodateien