Kairos Edition

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kairos Éditions)

Kairos Edition ass e lëtzebuergesche Verlag mat Sëtz zu Lëtzebuerg deen 2002 gegrënnt gouf. De Verlag gëtt vum Veräin ouni Gewënnzweck, der Kairos (a.s.b.l.), gedroen.

Den Numm steet fir e Programm: Kairos heescht am Algriicheschen déi gënschteg Zäit an huet eng qualitativ, keng chronologesch Bedeitung. An dem Sënn strieft Kairos Edition en interkulturelle Verlagsprogramm un, an deem Bicher erauskomme fir déi d'Zäit komm ass, an an deem Sujeten a Literatur eng Plaz fannen déi op Froe vun der Zukunft ausgeriicht sinn.

D'Auteure vu Kairos Edition sinn dacks Grenzgänger tëscht verschiddene Regiounen, Reliounen, Systemer, Sproochen a Kulturen.

Bicher, déi bei Kairos Edition erauskomm sinn[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]