Op den Inhalt sprangen

Kampnagel

Vu Wikipedia
Kampnagel
Land Däitschland
Werkhalle, Theaterentrée (2012)
Hale vum Kulturzentrum um Kampnagel-Areal

Kampnagel ass e Kulturzentrum zu Hamburg-Winterhude, um Terrain an an den Hale vun der fréierer Maschinnen- a Kranebaufabréck mam selwechten Numm (virun 1934: Nagel & Kaemp), déi 1865 gegrënnt gi war an 1981 zougemaach huet.

Zanter 1982 ginn do Concerten, Theater an Danzspektakelen organiséiert an opgefouert. Och Ausstellungen, Festivallen, Kino a soss Konschtaktivitéite kann een do besichen.

Vun 2025 u si gréisser Renovatiouns- a Vergréisserungsaarbechte geplangt, déi vun Hamburg a vum däitsche Staat kofinanzéiert ginn.

D'Amelie Deuflhard ass zanter 2007 Intendantin.


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Carl Naske: 60 Jahre Nagel & Kaemp, ein Beitrag zur Geschichte der Maschinenindustrie in Hamburg. Hamburg 1924.
  • Dieter Thiele, Reinhard Saloch: Vom Wiesengrund zum Industriegürtel, Kanalfahrten durch Geschichte und Gegenwart. VSA Hamburg, Hamburg 2002, ISBN 3-87975-865-4.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kampnagel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]