Kanal vu Korinth

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Griicheland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Isthmus vu Korinth mam Kanal (blo Linn).
Afaart an de Kanal vu Korinth vu Korinth aus gesinn
Mëtt vum Kanal vu Korinth

De Kanal vu Korinth ass e 6,3 km laangen an 8 m déiwe Kanal fir d'Séischëfffahrt a Griicheland. Hien trennt dat griichescht Festland vun der griichescher Hallefinsel Peloponnes. Doduerch gouf de Peloponnes eng richteg Insel. De Kanal vu Korinth ass ee vun de schmuelste Kanäl fir Héichséisschëffer op der Welt. Hien ass nëmme 24 m breet a verengt sech souguer op Plaze bis op 21 m. Doduerch erlaabt hien nëmmen d'Duerchfaart vu Schëffer mat engem limitéierten Tonnage an enger begrenzter Breet.

D'Duerchfaart mat engem Schëff tëscht Fielsen, déi zu zwou Säite bis zu 84 m héich sinn, ass ganz beandrockend.

Bedeitung vum Kanal vu Korinth[änneren | Quelltext änneren]

De Kanal vu Korint verbënnt zanter 1893 den Saroneschen mat dem Korinthesche Golf. Duerch de Bau vum Kanal vu Korinth gëtt de Wee vun de Schëffer op hirer Route vum Ionesche Mier an d'Agäis an ëmgedréint ëm 320 km (ronn 200 Séimeilen) verkierzt, wat et erlaabt, an engem grousse Mooss Käschten an Zäit ze spueren.

De Bau vum Kanal[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi vun engem Duerchbroch duerch de Peloponnees ass ural. Schonn an der anticker Zäit huet den Tyrann Penandros dovu gedreemt. An de Keeser Nero huet schonn am Joer 67 viru Christus säi gëlle Spuet als Optakt zu sengem Bau ëmgedréint. De Rescht vun der Aarbecht sollte 6000 Sklaven aus Judäa maachen. Aus dësem fir déi Zäit ambitiéise Projet gouf awer näischt aus enger Rei vun Ursaachen.

De Bau vum Kanal vu Panama huet dofir gesuergt, datt och d'Iddi vum Kanal vu Korinth erëm opgegraff gouf. De Ferdinand de Lesseps, a säin ungaresche Frënd, de Generol Istvan Türr hunn no hiren Erfarunge vu Panama Courage kritt a sech mat Bankieren zesummengedoen, fir dësen ambitiéise Projet ze finanzéieren. Nodeem mat der griischecher Regierung 1881 e Konzessiounsvertrag ofgeschloss gi war, gouf den Ingenieur Béla Gerster mat der Executioun vum Projet chargéiert.

De Kinnek Georg I vu Griicheland huet dunn den éischte Spuet gestach an 2.100 Aarbechter hu mam Bau ugefaangen. Trotz grousse Finanzschwieregkeete gouf de Projet 1893 zu Enn gefouert.

Ronn 9.000 Schëffer passéieren haut Joer fir Joer de Kanal vu Korinth.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gerster, Béla: L'isthme de Corinthe et son percement, Budapest, 1896

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corinth Canal – Biller, Videoen oder Audiodateien