Kanuslalom

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kanuslalom
Typ Kanu- a Kajaksport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 1992
Federatioun
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de canoë-kayak
Ursprong
Aner Informatiounen
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Joseph Clarke (2023)[1]
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Kimberley Woods (2023)[1]


De Fransous Boris Neveu op der Kanuslalom-Weltmeeschterschaft 2022

Kanuslalom ass eng Kompetitiounsdisziplin vum Kanu- a Kajaksport. D'Zil ass et fir a kierzter Zäit an engem séier fléissende Waasser iwwer eng festgeluecht Streck feelerfräi duerch eng Rëtsch Paarten ze fueren.

D'Streck ka bis zu 300 m laang sinn, mat héchstens 25 Paarten, déi flossof wéi och flossop befuer musse ginn.

Et gëtt zwou Zorte Booter: e Kanadier (oder Canadier) an deem de Kanut am Boot knéit an e Stiechpaddel benotzt oder e Kajak an deem den Athleet am Boot sëtzt an en duebele Paddel gebraucht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Kanuslalom gouf an de fréien 1930er Joren an der Schwäiz als Summeralternativ fir de Schislalom erfonnt, woubäi déi éischt Courssen am flaache Waasser gefuer goufen.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Bei traditionelle Contre-la-montre sinn d'Strecken esou ugeluecht, datt d'Kanute s'an 90 bis 110 Sekonnen duerchfuere mussen. Wann eng Paart beréiert gëtt, gëtt et zwou Strofsekonnen, wann een eng Paart verpasst, gëtt dat mat 50 Sekonne bestrooft.

Beim Extreemkajak (oder Kajak-Cross), glëtsche véier Participante mat hire Kanue vun enger Startramp, déi méi wéi zwéi Meter iwwer dem Waasser läit. Da fänkt d'Course bis déi éischt Boje un, woubäi bal alles erlaabt ass. D'Beréiere vun de Paarten oder den aner Booter ass erlaabt, awer d'Verpasse vun enger Paart oder dat sougenannt Eskimorullen op der Streck féiert zur Disqualifikatioun.

Kanuslalom an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

De Kanuslalom gouf 1992 zu Barcelona fir d'éischt bei den Olympesche Spiller zougelooss.

Bis 2016 gouf et véier Disziplinnen: bei den Hären: C1 (Canadier-Eenzel), C2 (Canadier-Zweeër) a K1 (Kajak-Eeenzel) a bei den Dammen: K1 (Kajak-Eenzel). Zu Tokio 2020 gouf den Hären-C2 mat der éischter olympescher C1-Kompetitioun bei den Dammen ersat.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

2024 gëtt den Extreemkajak (gekierzt X1) nei opgeholl an et gëtt dann elo am Ganze sechs Kompetitiounen.

Am Canadier- a Kajakslalom gëtt et als éischt Play-off-Courssen, bei där all Kanut zwéin Duerchleef absolvéiert. Nëmmen de beschte Laf zielt, woubäi et entweeder 15 oder 20 Kanuten an d'Halleffinall packen.

An der Halleffinall gëtt et just ee Laf, an déi bescht 10 Zäite kommen an d'Finall.

Kanuslalom zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et fënnef Kajak-a-Kanu-Clibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de canoë-kayak.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kanuslalom – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 an der Disziplin Extreemkajak