Kanusprint

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kanusprint
Typ Kanu- a Kajaksport, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart ♂ zënter 1936
♀ zënter 1948 (Kajak), 2020 (Kanadier)
Federatioun
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de canoë-kayak
Ursprong
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Kanu, Kajak
Aktuelle Weltmeeschter ♂
kuckt wgl.:
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Kanusprint-Weltmeeschterschaften (fr)


Kanusprint vun den Dammen op den Olympesche Summerspiller 2016

Kanusprint ass eng Kompetitiounsdisziplin vum Kanu- a Kajaksport. D'Zil ass et fir mat engem Kanu sou séier wéi méiglech eng festgeluecht Streck am Waasser zeréckzeleeën.

Et gëtt zwou Zorte Booter: e Kanadier (oder Canadier) an deem de Kanut am Boot knéit an e Stiechpaddel benotzt oder e Kajak an deem den Athleet am Boot sëtzt an en duebele Paddel gebraucht. Béid Bootszorte gi jee no der Zuel vun de Kanuten a verschidde Klassen agedeelt an et ziele verschidde Reegele wat d'Längt, d'Gewiicht oder d'Form vun de Booter ugeet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dem brittesche Fuerscher an Auteur vu Reesliteratur John MacGregor no, deen de Kajak – d'Inuit-Wuert fir „Mannboot“ – studéiert huet, schéngt déi traditionell Juegd- a Fëscherbooter zu Sportsbooter ëmgewandelt an 1866 de Royal Canoe Club gegrënnt hunn.

De Kanusprint, deen ursprénglech Flaachwaasser-Kanu genannt gouf, ass déi initial an einfachst Form vum Kanusport, bei deem dee gewënnt, deen als Éischten d'Zil erreecht.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

D'Kompetitioune si gemenkerhand an engem natierleche Gewässer (Séi, Floss, …) mat enger niddereger Stréimung oder op enger kënschtlech ugeluechter Regattastreck.

D'Kanuten trieden entweeder op mat Boje markéierte Bunnen oder an engem Ronnkurs (just an der Laangstreck) géinteneen un. Deen Athleet, dee mat sengem Boot als éischt an der Arrivée ukënnt, huet d'Course gewonnen.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Bis zu aacht Kanuten (oder Ekippen) trieden an enger Kanadier- oder Kajak-Course un, a probéieren als éischt an d'Arrivée ze kommen, woubäi jiddereen a senger Bunn bleiwe muss.

Da musst dir einfach d ' Arrivée sou séier wéi méiglech erreechen.

Kanusprint an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

De Kanusprint gouf 1936 zu Berlin fir d'éischt als Olympesch Sportaart ënner dem deemolegen Numm Flaachwaasser-Kanu ausgedroen. Am Laf vun de Jore gouf et eng Rei Ännerungen an de Concoursen.

D'Frae goufen 1948 zu London am Kajak an eréischt 2020 zu Tokio am Kanadier zougelooss.

Am Laf vun der Zäit goufen d'Rennstrecke gekierzt fir e méi breede Publikum unzezéien. D'Olympesch Coursse ginn elo iwwer 200 m (nëmmen C1-Dammen), 500 m an 1000 m (nëmmen C1-Hären a K1-Hären).

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

2024 zu Paräis ginn am Kanusprint zéng Courssen ausgedroen, jee fënnef fir Männer a Fraen.

Kanusprint zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et fënnef Kajak-a-Kanu-Clibb déi am nationale Verband federéiert sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de canoë-Kajak.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kanusprint – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]