Kategorie Diskussioun:Australesch Bundesstaaten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass et Staaten oder Staten ? --Alexandra 10:00, 1 Dezember 2005 (UTC)

Déi zwou Schreifweise sinn offiziell zougelooss. Et wier awer gutt, wa mer eis op der Wiki op eng Präferenz fir eng vun deenen zwou eenege kéinten, fir all Konfusiounsméiglechkeeten aus dem Wee ze goen. --Otets 11:40, 1 Dezember 2005 (UTC)

Ok, mir ass nämlech opgefall dass di zwou schonn am Ëmlaaf sinn. Fir watfireng solle mir eis dann eengen? --Alexandra 09:28, 2 Dezember 2005 (UTC)

Am Moment hu mer 93x "Staat" an 31x "Stat". Wann ech mech richteg entsënnen, hat de Cornischong sech iergendwa fir "Staat" ausgeschwat. Mee op heen et elo wierklech war a firwat et eng Präferenz gëtt, dat kéint en eis vläicht am beschte selwer soen. --Otets 13:21, 2 Dezember 2005 (UTC)

Bei 93 x Staat hätt ech dofir en Präferenz, mä ech passen mech do un :-) --Alexandra 12:34, 2 Dezember 2005 (UTC)

Net eleng wéinst der "Majoritéit"; offizell däerf een déi zwee gebrauchen, an net eleng fir dem Alexandra eng Freed ze maachen: Mer huele "Stad" fir Stadt a "Staat" fir Staat. Da si mer aus allem eraus. ok?? --Cornischong 12:46, 2 Dezember 2005 (UTC)


ok :-) ech kuken dann di aner ëmzeänneren --Alexandra 14:22, 2 Dezember 2005 (UTC)