Kategorie Diskussioun:Bëscheef vu Malines
Sujet derbäisetzen"Bëscheef" oder "Äerzbescheef" vu Malines?
Vu que datt den Äerzbëschof vu (Bréissel-)Malines och ëmmer Primas vu Belgien ass, d. h. "ieweschte" Bëschof an der Belsch, misst dës Kategorie wuel och << Äerzbescheef vu Malines >> heeschen...
Sou wéi Lyon a Frankräich, aus historesche Grënn, nach ëmmer als "Capitale des Gaules" bezeechent gëtt, an och Sëtz vum "ieweschte" Bëschof a Frankräich ass, deen natierlech den Titel "Äerzbëschof" dréit, sou ass Mechelen/Malines zanter dem spéide Mëttelalter Sëtz vun engem Äerzbëschof, deen d'Kierch an de Burgundeschen/Spueneschen/Éisträicheschen Nidderlanden "coifféiert", spéider eben och an der Belsch.
Mee ech sinn nëmmen eng arem Louder vun IP, an d'lb.wikipedia huet esou dichteg Enzyklopedisten, déi dat vill besser wëssen... Ech woen et deemno net, hei eppes z'änneren. - IP
Eng Diskussioun ufänken iwwer Kategorie:Bëscheef vu Malines
Op Diskussiounssäiten diskutéiere Leit, wéi se den Inhalt op Wikipedia sou gutt wéi méiglech gestalte kënnen. Dir kënnt dës Säit benotzen, fir eng Diskussioun mat Aneren doriwwer unzefänken, wéi een Kategorie:Bëscheef vu Malines verbessere kann.