Kategorie Diskussioun:Bekannt Plazen zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech denken dës Kategorie ass fir Plazen am Sënn vun "endroits" geduecht, net fir "places" / "squares". Oder gesinn ech dat falsch? --Jwh 23:54, 27. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Wéi een et gesäit ass déi eng Diskussioun, mä fir éier Diskussioun ofgeschloss ass schonn d'Kategorie auszeraumen ass vläicht net déi bescht Aproche. --Les Meloures 10:32, 28. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
me culpa, wann ech ze vive war - ech mengen et waren 4 Stader Plazen - ech kann et gär nees réckgängeg machen. Meng Fro bleift: Een Endroit (bekannt oder net) oder eng geometresch Form ? --Jwh 14:45, 28. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Remoien,
D'Kategorie gouf ugeluecht fir all Plazen déi mei oder wéineger bekannt sinn ze repertoriéiren, well se an anere Kategorien net sou direkt opfalen. Ob dat elo als subjektiv unzegesinn ass, ass eng aner Diskussioun. Mä si schénge jo mol op d'mannst relevant ze sinn, soss hätten se och hei warscheinlech keen Artikel. --Les Meloures 15:23, 28. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,
Menger Meenung kéint een dës Kategorie ganz ofschafen. Dat mat deem "bekannt" ass ganz subjektiv.--Fliedermaus 09:39, 28. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]
Ganz d'accord datt bekannt als subjektiv oder relativ kann ugesi ginn. Eng Revisioun vun 2.600 Artikelen wier dann och vläicht néideg. --Les Meloures 09:58, 28. Feb. 2012 (UTC)[äntweren]