Kategorie Diskussioun:Däitsch Uertschaften

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Elo hate mer eis op Category: Uertschaft (Däitschland) geenegt (35 Uertschaften) an elo geet et erem lass Category: Däitsch Uertschaften ( 13 Uertschaften). Si mer hei an engem ....haus oder wou ? Johnny Chicago 17:32, 28 Januar 2006 (UTC)

Gëeenegt hate mer eis fir all Zorten Uertschaftskategorien op "Adjektiv Uertschaften" - also grad ëmgedréint. Bäi Däitschland mat senge méi wéi 12.300 Gemenge misste mer en plus Ënnerkategorië maachen am Genre vun "Uertschaften a Rheinland-Pfalz" etc. --Otets ♣ 17:53, 28 Januar 2006 (UTC)

Dat hat ech mir och scho geduecht, esou wéi bei de spueneschen Uertschaften. Giff ech och besser fannen. Geet dat alles mat esou engem Bot? --Alexandra 17:57, 28 Januar 2006 (UTC)

Deemno wéi ass ee bäi "nëmme" 35 Artikele manuell méi séier. Mee wann ee kloer Lëschten huet wou d'Artikele scho fäerdeg dem Bundesland no zortéiert an enger Kolonn stinn, da wier dat natierlech idealt Botfudder. --Otets ♣ 18:22, 28 Januar 2006 (UTC)

Et ass mir egal wat d'Kategoriespezialiste décidéieren, awer w.e.g nemmen eng Kategorie bei den däitschen Uertschaften Johnny Chicago 19:06, 28 Januar 2006 (UTC)

Et gëtt méi wéi 12.300 däitsch Uertschaften. An déi sollen all an eng eenzeg Kategorie goen??? --Otets 19:56, 28 Januar 2006 (UTC)

Nee, also ech si wierklech dofir fir et esou wéi bei de spueneschen Uertschaften ze machen an se z'ënnerdeelen, soss ass jo guer keng Iwwersicht méi do. Fir awer esou eng Tabell ze machen bréicht een awer warscheinlech schon di 12.300 Artikelen déi opgemacht wieren, oder? --Alexandra 11:29, 29 Januar 2006 (UTC)