Kategorie Diskussioun:Filmer, déi net fäerdeg goufen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Misst et net fäerdeggoufen an engem Wuert sinn amplaz getrennt 2A02:A03F:A199:6C00:E11B:1891:49A6:C0FF 07:28, 16. Jul. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien, ech géif soen, datt „fäerdeg ginn“ auserneen ze schreiwen ass, a bezéie mech op „D'Lëtzebuerger Orthografie“, wou et am Kapitel 9 „D'Getrennt- an Zesummeschreiwung“ ënner 9.4 „D'Verben“ an 9.4.2 „Auserneegeschriwwen“ heescht:
Auserneegeschriwwe gëtt: [...] wann den éischten Deel en Adjektiv ass, dat mam Verb keng iwwerdroe Bedeitung ergëtt[.]
Well „fäerdeg ginn“ just heescht, datt eppes an den Zoustand „fäerdeg“ iwwergeet (wat d'Bedeitung vum Verb „ginn“ ass), ginn ech hei net vun enger iwwerdroener Bedeitung aus. Volvox (Diskussioun) 09:26, 16. Jul. 2023 (UTC)[äntweren]