Kategorie Diskussioun:Friemherrscher vu Lëtzebuerg
Opgepasst! De Begrëff "Friemherrschaft" ass differenzéiert zë gebrauchen! D'Burgunderherzöge, déi spuenesch an éisterräichesch Habsburger... wore wuel kéng Lëtzebuerger, mä se woren eis legitim Herrscher. Beim Louis XIV a beim revolutionnaire Régime bis Campo-Formio kann een natiirlech vu "Friemherrschaft" schwätzen, a 1940-1944/45 ganz sécher! (Text vun der IP 78.141.135.203 - gouf aus der Kategorie eriwwergeholl)
Zum Mythos vun der "Friemherrschaft", vgl. Michel MARGUE (UniLu): Dominations étrangères; in: Lieux de mémoire au Luxembourg / Erinnerungsorte in Luxemburg; erausgin vum Sonja Kmec, vum Benoît Majerus, vum Michel Margue a vum Pit Peporté, Sankt-Paulus-Verlag, Lëtzebuerg, 2007 (1. Ausgab), Ss. 29-34 ! (Text vun der IP 78.141.138.64 - gouf aus der Kategorie eriwwergeholl)
- Den IP-Mataarbechter huet natierlech recht. De Begrëff "Friemherrschaft/-herrscher" geeschtert zënter dem 19. Joerhonnert nach ëmmer doruechter, wéi e geschafe gouf, fir an en nei geschafenen Nationalstaat ë.a. duerch eng "Nationalgeschicht" ze legitiméieren, déi bis an d'Mëttelalter zeréckgeet. Ech giff déi Kategorie ganz ofschafen an déi 3 Herrscher doranner einfach ënner "Herrscher vu Lëtzebuerg" antässelen (dat een evtl an "Herrscher vum Herzogtum Lëtzebuerg/Herzoge vu Lëtzebuerg", resp. "Grofe vu Lëtzebuerg" ënnerdeele kéint. --Zinneke 21:51, 14. Jan. 2010 (UTC)
Ganz d'accord Les Meloures 21:59, 14. Jan. 2010 (UTC)
- D'Kategorie gouf mol eidel gemaach, bis mer e puer richteger opgedriwwen hunn.
- Et wier natierlech flott wann een eis en Artikel Friemherrschaft zu Lëtzebuerg géif spendéieren.
Op keen Fall ze vergiessen as natierlech och d'Okkupatioun duerch den franséischen Keeser Napoleon Bonaparte (1804-1814)! dragesat de 15. Feb. 2011, ëm 12:26:24 vun der IP:87.240.236.162