Kategorie Diskussioun:Griichesch Kichen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, "Griichesch Kichen" ass jo eigentlech dat nämmlecht wéi "Griichesch Gastronomie".

Déi Situatioun ass och nach bei anere Kichen/Gastronomien - sollt ee sech do net besser op ee Begrëff eenegen, oder op d'mannst déi duebel Kategorien eraushuelen? (vum Jwh)

Moien, dach, natierlech;, woubäi sech déi méi gronsätzlech Fro stellt, wat "griichesch Gastronomie/Kichen" iwwerhaapt ass, a wat se z.B. vun der tierkescher oder bulgarescher géif ënnerscheeden (ausser den Nimm fir d'Platen). A bei der "Italieenescher Kichen" wësser mer op d'manst zënter dem Pellegrino Artusi datt "la cucina italiana non esite"...

--Zinneke 14:55, 18. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien och. De Larousse seet bei cuisine: Action, art d'apprêter les aliments, d'élaborer des mets. Bei gastronomie schwätzt e vun: Connaissance de tout ce qui se rapporte à la cuisine, à l'ordonnancement des repas, à l'art de déguster et d'apprécier les mets. Ech gesinn do en Ënnerscheed: Bei der Kichen geet et ëm d'Kachen a bei der Gastronomie geet et ëm d'Iessen an de Genoss. Wa mer vu griichescher Kiche schwätzen, da menge mer domat Platen déi typesch sinn fir dat Land. Dës Platen kënne grad esou gutt zu Hesper gekacht gi wéi zu Piräus. Wa mer vu griichescher Gastronomie schwätzen, da menge mer all Ëmgeréits mat Iessen an Drénken, dat nëmmen a Griichenland ze entdecken ass.

--Pecalux 16:41, 18. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]

Ah dach, esou liicht et mir an. Da muss just d'Kichen an d'Gastronomie gesat ginn an net ëmgekéiert, wou lo z.B. de Schnaps an der Kiche läit.
Eigentlech hu Commons mech durchenee bruecht, wou geméngt gëtt et géing nëmme "Cuisine" ginn an op dat ronderëm kinnt ee verzichten. Iesskultur heescht do och just banal "Meals", wee wonnert ët...
Merci fir d'Explikatiounen. --Jwh 23:05, 18. Jan. 2012 (UTC)[äntweren]