Kategorie Diskussioun:Griichesch Philosophen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"*ATTENTION : Catégorie est destinée à recenser les philosophes de culture hellénistique postérieurs à la chute de l'Empire romain d'Occident en 476. Les philosophes antérieurs sont à ranger dans la Catégorie:Philosophe grec antique." liesen ech an der fr-Wiki bei eisem Link! Da ka ganz quokeleg ginn!! --Cornischong 22:24, 2 Dezember 2006 (UTC)

oder léiwer d'Kategorie embenennen, wëll esou kloer ass déi hei bei eis nët Robby 22:57, 2 Dezember 2006 (UTC)
léiwer dat, jo. Da kréie mer déi "vun haut" an en anert Dëppchen. --Cornischong 23:01, 2 Dezember 2006 (UTC)

Ech géif proposéieren eis Katogotien no den englesch z'orientéieren déi hu menger meenung no déi beschten Opdeelung a wann een Interwiki net secher ass einfach d'Fangeren dervu loossen. Les Meloures 23:08, 2 Dezember 2006 (UTC)

an der englescher wiki gëtt et den Ennerscheed awer och ....Robby 23:13, 2 Dezember 2006 (UTC)
"Category:Ancient Greek philosophers" heescht dat do. Wéi nenne mer dann elo hei? --Cornischong 23:14, 2 Dezember 2006 (UTC)
An d'Presokratiker hunn eng eegen "Category:Presocratic philosophers" --Cornischong 23:16, 2 Dezember 2006 (UTC)


Perséinlech wir ech scho frou wa mer se mol iwwerhaapt am grousse ganze gesënnert hunn ouni Interwikien an duerno d'Detailer kucken alles brauch seng Zäit wa mer elo mat den Detailler piddelen komme mer erem net weider wéi daat schonns sou dacks de Fall war. Et ass méi wichteg datt mer mol am grousse ganzen eng ordentlech Struktur kréien an duerno den Detailler nolaafen Les Meloures 23:23, 2 Dezember 2006 (UTC)