Kategorie Diskussioun:Hollännesch Geschicht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Éisträichesch Nidderlanden hunn definitiv glat näischt mat der "hollännescher" Geschicht zë dinn!!! D'Nidderlande wore mol ongeféier sou grouss wéi den haitege BeNeLux. Ënner dem Philipp II., Kinnek vu Spuenien an Herrscher iwwer d'Nidderlanden (=> Grofschaft Flanderen, Herzogtum Brabant, Herzogtum Lëtzebuerg, Grofschaft Holland, Grofschaft Artois, Grofschaft Namur, Grofschaft Seeland, Herzogtum Limburg, asw.), koum ët zu engem Opstand, an am Norden ass eng biirgerlech geféiert Republik vun de Vereente Provënzen entstan. De Süden, dogéint, ass bäi Spuenie bliwwen an ass weiderhinn mam Begrëff "(südlech) Nidderlande" bezeechent ginn. 1714 sinn dës "Spuenesch Nidderlanden" un déi éisträichesch Linn vunn den Habsburger komm, mee ët huet sech an der Haaptsaach nach ëmmer ëm dee Raum gehandelt, dee mer haut (grosso modo) als Belsch an als Grand-Duché kennen. Nach eng Kéier: 't huet NÄISCHT mat "Holland" zë dinn. Wou kënnt de Feeler hier? Mee ganz einfach dohier, datt mer ëmmer an iwwerall "Holland" (= Provënz!) am Plaz vun "Nidderlanden" (= geographesche Raum, spéider och Staat) benotzen. Wann d'Leit dobaussen op der Strooss sou soën, OK. Dat ass am deegleche Liewen esou. Mee an enger Enzyklopedie erwaard ee méi Niveau. Dat schéngt awer nach nët jidderengem anzëliichten. Mee da brauche mer äis nët zë wonneren, wa keen d'lb.wikipedia eescht hëllt! Entweder een zouverléissegt Instrument... oder guer näischt! Salut, Béa

Wann an Däitschland just d'Leit "Holland" soe fir d'Land "Nederland", sou ass dat am Lëtzebuergeschen anescht, well hei ass et den offiziellen Terme fir dat ganzt Land. Dixit DLW, DLF, etc. D'Provënz huet natierlech deeselwechten Numm. --Otets 11:00, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]