Kategorie Diskussioun:Kürbisplanzen
Ass e Kürbis net e Kalbass op lëtzebuergesch? Oder kann een déi zwee soen? --Alexandra 11:15, 1. Okt. 2009 (UTC)
- Moien,
- D'Kalbass kënnt vum franséischen calebasse an déi déisäit der Musel nenen dat Flaschenkürbis. Well d'Lëtzebuerger et sech méi einfach maachen soen se och dacks fir de potiron oder Riesenkürbis Kalbass. Ref: DFL. Vläicht kann een, deen de Klees huet, dat méi prezis mat de wëssnschaftlechen Nimm erlären.
- Gudden Owend, am Klees steet:
- Kürbis = Kalbass, Courge (Cucurbita L.)
- Flaschenkürbis = Hueschter(ter) Bir, Kalbass, Calebasse (Lagenaria siceraria (Mol.) Standl.)
- Gartenkürbis = Kalbass, Calebasse (Cucurbita pepo L.)
- Kürbis = Kalbass, Courge (Cucurbita L.)