Kategorie Diskussioun:Lëschten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wéi ass ët mam Alphabet? D'Lëschte si jo egal wéi agedroen! Chris IP 88.207.152.33]

Gudde Moien Chris, aleng fir bei der sou dacks reklaméierter Frëndlechkeet ze bleiwen,
Tjo leider ass et esou datt net all Mataarbechter sech d'Méi mécht fir:
1) Kategorien am Artikel deen en uleet opzeféieren,
2) se dann och nach esou unzeleeën datt se alphabetesch gesënnert ginn.
E puer Männercher, déi op manner wéi enger halwer Hand opzeziele sinn mussen, dann ëmmer erëm hannendru lafen, fir dat ze redresséieren. Bei den Interwikien ass de selwechte Problem. Dat ass dann, wéi vläicht verschidde Leit mengen deenen hire gréisste Spass, anerer mengen et wier flott fir déi, wann se ëmmer Recht hätten. Nach anerer komme mat Reklamatiounen, awer réiere kee Fanger, fir ze verbesseren oder matzehëllefen ze sënneren.
Dat just zur allgemenger Situatioun.
Wann e vun deenen déi sech permanent domat erëmploen, eng Kéier Loscht an Zäit huet wäert dës Kategorie och alt eng Kéier gesënnert ginn.
Wann et presséiert vläicht einfach selwer eng Hand mat upaken.
Les Meloures 12:28, 28. Mee 2010 (UTC)[äntweren]