Kategorie Diskussioun:Lëtzebuergesch Riedensaarten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, ech hunn 2 Lëtzebuerger Dictionnairen mä hunn dat Wuert Biischtebënner nëtt dra fonnt, hat ëtt awer am Gediechtnëss. Vill vun de Jonken wäerten dat Wuert iwerhapt nëtt kennen well de Beruf ausgestuerwen ass. Dunn ass mer d'Iddi komm emol ë puer aal Berufer opzeschreiwen wéi z.B. Kesselflécker, Messer-a Schéiereschléifer, Leeëndécker (haut gëtt meeschtens gesot Dachdécker), Lompekréimer, Schachtesbotzer, Blechléier, Zammermann oder Zëmmermann, Schouster oder Schouschter, Sadler, Schmadd, Präbbelisflécker (ech wir heiands do frou wann ëtt dees nach ee géif ginn) ë Küfer (een dee Fässer mëcht) oder ë Wagner ( een deen ë Won mëcht) konnt ech iwerhapt néierens fannen op Lëtzebuergesch. Villäicht sinn déi Ausdrëck eng Kéier ze verwenden? Ladyrosa

"ech hunn 2 Lëtzebuerger Dictionnairen". - Firwat verréits d'eis net wéi se heeschen? Et ass alles an der Rei mat dengen Iddien: Fänk en Artikel un mat engem vun deenen, a mat der Zäit kënnt nach dat Eeent oder dat Anert bäi. Villäicht och eng Foto oder méi. Mee munneg Handwierker haten e lëtzebuergeschen Numm, de Suedler, de Woner ..

Ma da fuer emol lass mat engem. Schreif emol , wat s de weess, an da rullt et un. --Cornischong 21:08, 17 Mäerz 2006 (UTC)