Kategorie Diskussioun:Sängerinnen a Sänger - Klassesch Musek

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kéint een dës Kategorie net "Klassesch Sänger" oder "Sänger vu Klassescher Musek" nennen - dat wier méi kuerz a géif sech besser bäi déi aner Kategorien areien? --Otets ♣ 16:28, 26 Dezember 2005 (UTC)

Dat war keng Fausse-couche", mee do huet gëscht d' Let's-Wiki-Kommissioun: Klassesch Musek Stonnen (!!!) driwwer gebruckt (an emol d'Kategorien nei opgerëselt!!) , an all Variante goufe bannen- a baussegedréit. "Klassesch Sänger": Och wann se "Klassesch Musek" sangen, sinn et awer keng "Klassesch Sänger" (an zwar a kenger Sprooch); datt et Sänger "vu" klassescher Musek sollte sinn, stëmmt hannen a vir net; se liewe villäicht "vu" klassescher Musek, mee et gëtt sécher keng Sänger "vun" Jazz, oder "vu" Rock. Fazit: Net un d'Perfektioun kraze goen :-) --Cornischong 16:47, 26 Dezember 2005 (UTC)
An den Ausdrock "Operesänger" (deen een nuets an der transmuselanescher Wiki begéine kann), ass absoluten %£*$¬ , well déi sougenannt "Klassesch Musek" mat Operen ze verwiesselen muss "engem gi sinn". --Cornischong 16:52, 26 Dezember 2005 (UTC)

"Sänger (Klassesch Musek)" - d'Sängerinne wieren do matgemengt, an den Ënnerkategorië gëtt dann differenzéiert? --Otets ♣ 17:07, 26 Dezember 2005 (UTC)

Oder Klassiksänger villeicht?? Sänger a Sängerinnen sollten souwisou an eng Kat. faalen, ech verstinn guer net firwat dat soll getrennt sinn, oder eenzel ernimmt ginn --Alexandra 17:47, 26 Dezember 2005 (UTC)