Kategorie Diskussioun:Tiroul

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Heescht et net op Lëtzebuergesch "Tiroul" (hunn dat 73-bännegt Wierderbuch elo net bäi Hand)? --Otets ♣ 11:22, 25 November 2005 (UTC)

Do kinnst du nawell Recht hunn, mä sëcher wees ech et leider och net :-) --Alexandra 11:32, 25 November 2005 (UTC)

Am DLW sti keng Länner- an Uertschaftsnimm (déi kleng Feiglingen). Du hues eigentlech Recht, mee vu wou ass deen dann, deen "Tiroul" an de google agëtt :-) ? --Cornischong 12:30, 25 November 2005 (UTC)

Ech hu jo net gesot, du solls den DLW huelen, mee deen aneren Déngensdéngen. Esou e Googlerianer ass aus dem Frankräich an e sicht nom Michel Tiroul. Mee dovu mol ofgesinn: e Redirect fir d'Preisen ënnert eis misst et a Bezuch op de Google och doen. --Otets ♣ 14:22, 25 November 2005 (UTC)

"TIROUL" ! An d'Leit heeschen "Tirouler". Dach, dach, steet alles an deem "alen". An da bréngt deen "alen" nach e léiwen Ausdrock "äddi Welt, ech gin an Tiroul" --Cornischong 15:58, 25 November 2005 (UTC)